30/09/2026
Réckbléck op d'Veiner Pabeier- a Béicherdeeg 👀
Viru Kuerzem huet sech um Veiner Schlass alles ronderëm Pabeier a Bicher gedréint. Am historesche Kader konnt een eng Partie Stänn entdecken, verschidde Liesunge lauschteren, Pabeierkënschtler nokucken a villes méi. 😊
👉Fir déi besonnesch Couragéiert gouf dann och eng Dictée am Veiner Dialekt proposéiert. 📜
E grousse Merci un déi ronn 2.500 Visiteuren, déi de Weekend bis laanscht kucke komm ass. Eng besonnesch Éier war d'Presenz vum Kulturminister Eric Thill.
Fotoen: Liz Hacken