MNHM - Musée National d'Histoire Militaire

Appeler Itinéraire Site Web

MNHM - Musée National d'Histoire Militaire Official Facebook Account of the National Military Museum in Diekirch, Luxembourg. Army.

� � The National Museum of Military History in Diekirch, Luxembourg, illustrates the Second World War, particularly the N**i German Occupation in May 1940, the Battle of Bulge 1944-45 and the liberation of Luxembourg by the U.S. Besides the Second World War, the Museum also clarifies the history of the Luxembourgish volunteers in the Korean War and of the Luxembourgish Army. The museum disposes of a large, diverse collection of genuine military artifacts and hardware of the American and German force which ranges from medical care to helmets, uniforms, weapons and tanks. In addition, a huge amount of contemporary photographs, cards, paintings and audiovisual material are exposed in the military museum which have been provided by US American and German archives, donations, purchases or exchanges. Moreover, the history of several key events during the Second World War like the liberation of Luxembourg, the evacuation of Diekirch, the thanksgiving organized by U.S troops or the Battle of the Bulge are presented in a detailed large scale diorama. The museum aims to preserve the collective memory and to commemorate the Luxembourgish and American soldiers who served in wars.

� Le Musée National d’Histoire Militaire (MNHM) illustre le déroulement de la Deuxième Guerre Mondiale et notamment de la Bataille des Ardennes 1944-45 par des mises en scène typiques, des dioramas à l’échelle 1/1, montrant les deux forces en présence, américaines et allemandes et illustrant au mieux la façon dont soldats et civils ont vécu ce drame. Le MNHM, de par ses collections d’armes, véhicules et équipements divers s’efforce d’illustrer les évolutions technique et logistique au sein des forces des belligérants. Le musée poursuit donc le but de sauvegarder la mémoire collective et de promouvoir la reconnaissance du pays en commémorant ces, Anciens Combattants Luxembourgeois, volontaires des rangs alliés des 1ere et 2e Guerres Mondiales ainsi les volontaires de la Guerre de Corée. Le Centre de documentation du MNHM recueille une riche collection de livres, documents, photos, cartes, enregistrements audio-visuels etc. Ces documentations proviennent d’archives officielles américaines et allemandes d’une part et de dons, échanges ou acquisitions d’autre part. L’autre objectif principal du MNHM consiste à couvrir l’histoire de l’Armée luxembourgeoise en mettant un accent sur ses perspectives d’avenir au vu des engagements pris par le Gouvernement luxembourgeois à s’engager pleinement dans les efforts de l’OTAN et de l’Union Européenne à assurer la prévention des conflits et la gestion des crises dans le cadre des Nations Unies.

� Die thematischen Schwerpunkte im Nationalen Museum für Militärgeschichte in Diekirch, Luxemburg, liegen im Zweiten Weltkrieg und die Geschichte der luxemburgischen Armee. Im Rahmen der historischen Auseinandersetzung mit dem Zweiten Weltkriegs stehen thematisch insbesondere die Besatzung Luxemburgs durch N**i-Deutschland im Mai 1940, die Ardennenoffensive 1944-45 und die Befreiung Luxemburgs durch die US-amerikanischen Truppen im Vordergrund. Eine Abteilung im Museum beschäftigt sich außerdem mit den luxemburgischen Freiwilligen im Koreakrieg, eine andere wiederum behandelt diverse Uniformen und Waffen des Groβherzogs Jean von Luxemburg. Das Militärmuseum verfügt über eine umfangreiche, breit gefächerte Sammlung an militärischen Artefakten und Ausrüstungen von US-amerikanischen und deutschen Streitkräften, die von medizinischen Gegenständen, Rotor-Schlüsselmachinen bis hin zu Helmen, Uniformen, Waffen, Panzern und weiteren Exponanten reicht. Zusätzlich befinden sich zahlreiche zeitgenössische Fotografien, Briefe, Postkarten, Zeichnungen und audiovisuelle Aufnahmen in der Sammlung. Zur visuellen Darstellung einzelner Schlüsselszenen während des Zweiten Weltkriegs, wie beispielsweise der Ardennenschlacht oder der Befreiung Luxemburgs, wurden dreidimensionale Schaubilder errichtet. Ziel des Museums ist es, zur Erinnerungskultur des Zweiten Weltkrieges in Luxemburg beizutragen und an die luxemburgischen und US-amerikanischen Soldaten in Kriegen zu gedenken.

� Am Nationale Militär Musée zu Dikrech leien d'thematesch Schwéierpunkten am Zweete Weltkrich an d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi. Virun allem d'Occupatioun duerch N**i-Däitschland 1940, d'Ardennenoffensiv 1944-45 an d'Liberatioun vu Lëtzebuerg duerch d'US-Truppe stinn am Mëttelpunkt vum Musée. Eng Sektioun am Musée beliicht zousätzlech d'lëtzebuergesch Fräiwëlleger am Korea Krich. Am Kader vun der historescher Ausenanersetzung mat der Lëtzebuerger Arméi, sinn och d'Uniformen a Waffe vum Grand-Duc Jean exponéiert. De Musée disposéiert iwwer eng grouss, breet gefächert Sammlung un militäreschen Objet an Equipement vun US-amerikanesch an däitsch Truppen, déi vu medezinesche Géigestänn, Rotor-Schlësselmachinen bis hin zou Helmer, Uniformen, Waffen, Panzer reechen. Zousätzlech sinn zäitgenëssesch Fotoen, Bréiwer, Kaarten, Biller an audiovisuell Opnamen an der Sammlung vum Musée ze fannen. Fir verschidde Schlësselelementer am Zweete Weltkrich, wéi zum Beispill d'Liberatioun oder d'Ardennenoffensiv, visuell ze representéieren, goufen am Musée dräidimensional Schaubiller opgestallt. Den Objectif vum Militär Musée ass et, d'kollektiv Mémoiren un de Zweete Weltkrich ze erhaalen an un den ëtzebuergeschen a US-amerikaneschen Zaldoten an den Krichen ze gedenken.

       🕯 Jean-Baptiste Urth 🇱🇺 De Jean-Baptiste Urth gouf den 5. Abrëll 1923 zu Déifferdeng gebuer. Virun senger Zwangsr...
30/09/2026



🕯 Jean-Baptiste Urth

🇱🇺 De Jean-Baptiste Urth gouf den 5. Abrëll 1923 zu Déifferdeng gebuer. Virun senger Zwangsrekrutéierung huet hien am Kesselbetrib vun der HADIR zu Déifferdeng geschafft.

Nom aktuelle Fuerschungsstand ass hien während engem „Heimatsurlaub“ aus der Wehrmacht desertéiert a mat der Ënnerstëtzung vun der Resistenzorganisatioun LPL a Frankräich geflücht. Do huet hien sech e gefälschte polneschen Ausweis ugeschaaft an huet fir d'éischt zu Clermont-Ferrand geschafft. Méi spéit war hien anscheinend an de Kuelegrouwen zu Saint-Hilaire beschäftegt.

Kuerz drop féiert säin Wee op Diez an der Lahn: https://echoes-of-war.lu/de/personnes/details/11/pid,16759/details.html

🕯 Pierre Sinnes

🇱🇺 De Pierre Sinnes gouf den 1. Oktober 1921 zu Nidderkuer gebuer. Hien huet sech der Zwangsrekrutéierung entzunn, andeems hien a Frankräich geflücht ass. Nom aktuelle Fuerschungsstand huet hien, mat der Ënnerstëtzung vun der Organisatioun ronderëm den Albert Ungeheuer, zu Lapeyrouse Ënnerdaach fonnt.

Vun November 1943 un huet hien do zesumme mat anere Lëtzebuerger an enger Brennerei geschafft, souwéi op Chantieren vun der Entreprise, wou nei Fabrikatiounsanlage gebaut goufen. Hien huet ënner enger falscher Identitéit gelieft a franséisch Pabeieren op den Numm Pierre Sintler gehat.

Wéi hien an véier aner Lëtzebuerger vun der Gestapo verhaft goufen an wéi si op Diez an der Lahn koumen, gitt Dir op https://echoes-of-war.lu/de/persons/details/11/pid,16728/details.html gewuer.

🇬🇧 Find the English versions in the comments below. ⬇

29/09/2026

D'Geschichten hannert der Uniform!
👉 Deel 8


MNHM - Musée National d'Histoire Militaire

    🇱🇺 Lëtzebuerger Nokommen treffen op d’Awunner vun DiezLeschte Samschdeg war zu Diez eng ganz besonnesch a beweegend ...
23/09/2026



🇱🇺 Lëtzebuerger Nokommen treffen op d’Awunner vun Diez

Leschte Samschdeg war zu Diez eng ganz besonnesch a beweegend Gedenkfeier fir déi 16 Lëtzebuerger Zaldoten, déi wärend dem Zweete Weltkrich zu Diez erschoss goufen, well si sech geweigert haten, an d’Wehrmacht ze goen.

Et war eng aussergewéinlech Gedenkfeier – net nëmmen, well si un e Schicksal erënnert huet, dat iwwer Joerzéngte gréisstendeels an d’Vergiessenheet gerode war, mee och well fir d’éischte Kéier d’Nokomme vun den Affer zesumme mat den Awunner vun der Stad Diez op dëser Plaz zesummekomm sinn.

Aus Lëtzebuerg si Familljememberen ugereest, fir zesummen un déi 16 jonk Männer ze erënneren an hirem Schicksal eng Stëmm ze ginn. 🕯️

Eng Gedenkfeier, déi gewisen huet, wéi wichteg et ass, d’Erënnerung un d’Vergaangenheet ze erhalen – a wéi Erënnerung och Generatioune méi spéit nach Mënschen zesummebrénge kann.

➡ Méi iwwert dës besonnesch Gedenkfeier kënnt Dir am folgenden Artikel noliesen: https://www.stern.de/gesellschaft/regional/rheinland-pfalz-saarland/zweiter-weltkrieg--luxemburger-nachfahren-treffen-diezer-erstmals-am-gedenkort-38277386.html

🇬🇧 Descendants from Luxembourg meet the people of Diez

Last Saturday, Diez held a very special and moving commemorative ceremony in memory of the 16 Luxembourg soldiers who were executed in Diez during the Second World War after refusing to join the Wehrmacht.

It was an extraordinary ceremony – not only because it recalled a fate that had largely faded into oblivion over the decades, but also because, for the first time, the descendants of the victims came together with the people of the city of Diez at this very place.

Family members travelled from Luxembourg to remember the 16 young men together and to give a voice to their story and their fate. 🕯️

A commemorative ceremony that showed how important it is to preserve the memory of the past – and how remembrance can continue to bring people together, even generations later.

22/09/2026

D'Geschichten hannert der Uniform!
👉 Deel 7


MNHM - Musée National d'Histoire Militaire

🇱🇺 Leschte Méindeg huet eise President Frank Rockenbrod S.E. de belschen Ambassadeur Charles Delogne bei eis am Musée be...
17/09/2026

🇱🇺 Leschte Méindeg huet eise President Frank Rockenbrod S.E. de belschen Ambassadeur Charles Delogne bei eis am Musée begréisst.

Mir soen him Merci fir säi Besuch! 🇧🇪🤝🇱🇺

🇬🇧 Last Monday, our President Frank Rockenbrod welcomed H.E. the Belgian Ambassador Charles Delogne to our museum.

We would like to thank him for his visit! 🇧🇪🤝🇱🇺

🇱🇺 Opgepasst! 🚨Dir hutt eis Ausstellung „Ons Arméi um Härebierg“ nach net besicht? Dann hutt Dir bis op Weideres Zäit, d...
16/09/2026

🇱🇺 Opgepasst! 🚨

Dir hutt eis Ausstellung „Ons Arméi um Härebierg“ nach net besicht?

Dann hutt Dir bis op Weideres Zäit, dat nozëhuelen!

Kommt laanscht an entdeckt e wichtegt Stéck Lëtzebuerger Militärgeschicht a Kultur.

Bis geschwënn!

🇬🇧 Heads up! 🚨

Haven’t visited our exhibition “Ons Arméi um Härebierg” (The Evolution of the Luxembourg Army) yet?

Then you still have time to do so — the exhibition has been extended until further notice!

Come by and discover an important part of Luxembourg’s military history and culture.

See you soon!

        🕯 Léon Kohn🇱🇺 De Léon-Mathias Kohn ass den 18. Mai 1922 zu Bouneweg gebuer. No senger Zwangsrekrutéierung an eng...
15/09/2026



🕯 Léon Kohn

🇱🇺 De Léon-Mathias Kohn ass den 18. Mai 1922 zu Bouneweg gebuer. No senger Zwangsrekrutéierung an enger kuerzer militärescher Ausbildung gouf de Léon mam Zuch un d’Front transportéiert. Wärend engem Loftugrëff op Berlin ass et him gelongen, aus dem Zuch ze flüchten. Iwwer verschidden Ëmweeër ass hien zréck op Lëtzebuerg komm. No eisem aktuelle Fuerschungsstand ass hien zesumme mam Marcel Scheibel an dem René Dondelinger an d’Groussherzogtum ukomm an huet den deemolege Wunnuert vun der Famill Kohn zu Esch-Uelzecht erreecht.

Wou déi dräi Deserteuren sech verstoppt hunn, wéi se erwëscht goufen an wéi se op Diez an der Lahn komm sinn, kënnt Dir op https://echoes-of-war.lu/de/personnes/details/11/pid,2549/details.html noliesen.

🕯 René Kauffmann

🇱🇺 De René Kauffmann gouf de 24. September 1922 zu Lëntgen gebuer an huet wärend der däitscher Besatzung zu Schëffleng gewunnt. No sengem Reichsarbeitsdienst gouf hien am Oktober 1942 an d’Wehrmacht agezunn.

No eisem aktuelle Fuerschungsstand ass hien am Oktober 1943 wärend engem Heimaturlaub desertéiert a mat der Ënnerstëtzung vun der Resistenzorganisatioun LRL a Frankräich gelangt. Do huet hien ënner dem Numm René Kastler an enger Brennerei an op verschiddene Chantieren vun dësem Betrib geschafft.

De 5. Mee 1944 goufen de René Kauffmann, de Pierre Sinnes an dräi weider Lëtzebuerger op der Gare vu Commentry vun der Gestapo verhaft.

Wisou si verhaft goufen an wéi si op Diez an der Lahn komm sinn, gidd Dir op https://echoes-of-war.lu/fr/11/pid,16720/kauffmann-ren%C3%A9.html gewuer.

🇬🇧 Find the English versions in the comments below. ⬇

15/09/2026

D'Geschichten hannert der Uniform!
👉 Deel 6


MNHM - Musée National d'Histoire Militaire

🇱🇺 Den 11. September 1944 – d'Befreiung vun Dikrich 🕊️Den 11. September 1944 ass en historeschen Dag fir Dikrich an d’ga...
11/09/2026

🇱🇺 Den 11. September 1944 – d'Befreiung vun Dikrich 🕊️

Den 11. September 1944 ass en historeschen Dag fir Dikrich an d’ganz Regioun. No iwwer véier Joer N**i-Okkupatioun gouf d’Stad vun den amerikaneschen Truppen befreit. 🇺🇸 Zaldote vun der 5th US Armored Division sinn den 11. September 1944 zu Dikrich agezunn an hunn hire Vormarsch weider Richtung Norden fortgesat.

D’Befreiung war fir d’Awunner e Moment vu grousser Erliichterung an Hoffnung. Si huet den Ufank vun enger neier Etapp markéiert – nom jorelaange Liewen ënner Besatzung, Repressioun a Krich.

Bis haut erënnert Dikrich un dëse wichtegen Dag. 1957 huet de Schäfferot eng Strooss no dësem historeschen Datum benannt: d’„rue du XI septembre“.

Fir d’Bedeitung vum Datum méi däitlech an den historesche Kontext ze setzen, goufen 2024 op der Kräizung „rue du XI septembre“ / „rue de l’industrie“ zousätzlech Gedenkschëlder ubruecht.

🇬🇧 September 11, 1944 – The Liberation of Diekirch 🕊️

September 11, 1944, is a historic day for Diekirch and the surrounding region. After more than four years of N**i occupation, the town was liberated by American troops. 🇺🇸 Soldiers of the 5th US Armored Division entered Diekirch on September 11, 1944, and continued their advance towards the north.

For the inhabitants, the liberation was a moment of great relief and hope. It marked the beginning of a new chapter after years of living under occupation, repression, and war.

To this day, Diekirch remembers this important date. In 1957, the municipal council named a street after this historic day: “rue du XI septembre.”

To make the significance of the date and its historical context more visible, additional memorial plaques were installed in 2024 at the intersection of “rue du XI septembre” / “rue de l’industrie.”

Adresse

10, Bamertal
Diekirch
L-9209

Heures d'ouverture

Mardi 10:00 - 18:00
Mercredi 10:00 - 18:00
Jeudi 10:00 - 18:00
Vendredi 10:00 - 18:00
Samedi 10:00 - 18:00
Dimanche 10:00 - 18:00

Téléphone

+352808908

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque MNHM - Musée National d'Histoire Militaire publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager