Musée d'Histoire[s] Diekirch

Appeler Itinéraire Site Web Contacter le musée

Musée d'Histoire[s] Diekirch Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Musée d'Histoire[s] Diekirch, Musée d’histoire, 13, Rue du Curé, Diekirch.

In the historical heart of Diekirch, the MH[s]D offers you a glimpse into the secrets of an often misjudged past and how they still resonate in everyday life today.

Wat duerf am September net feelen? 🔜 EXPO2026 vum Dikricher Photo-Club! 📸16 Membere stellen eng Auswiel vu verschiddene ...
03/09/2026

Wat duerf am September net feelen?
🔜 EXPO2026 vum Dikricher Photo-Club!

📸16 Membere stellen eng Auswiel vu verschiddene Wierker aus: Vu Landschaftsfotographie bis kënschtleresch Abstraktioun oder och Streetphotography, fir jiddereen ass eppes dobäi.

D’Ausstellung ass vum 12. bis de 27. September 2026 bei eis am Kulturhaus ze gesinn.

🥂 De Vernissage ass den 11. September um 18:30 am Kulturhaus.
Mir freeën eis op äre Besuch!

Schätz aus dem Depot  # 3: Fläschen aus der Apdikt WiltgenAn der Sammlung vum Musée fannen sech des Fläsche vun der Dikr...
02/09/2026

Schätz aus dem Depot # 3: Fläschen aus der Apdikt Wiltgen

An der Sammlung vum Musée fannen sech des Fläsche vun der Dikrecher Apdikt J.P. Wiltgen. De J.P. Wiltgen, bestuet mam Joséphine Lies, koum ursprünglech aus Jonglënster. Hien huet 1920 säin Examen als Apdikter gepackt an 1925 zu Dikrech d’ Apdikt vum Anton Mathes iwwerholl. Hien huet se bis 1947 gefouert, éier se an de Besëtz vum Victor Rommes iwwergaang ass.

Pics (© Ville de Diekirch; Bild 1 mat Hëllef vu KI)

2-3) Unhand vun der Etikett léisst sech d’ Fläsch der Apdikt Wiltgen zouuerdnen. An der Fläsch war laut Etikett „Sol. Natri Thiosulfat 60/1000“, also eng 6%eg Natiriumthiosulfat-Léisung, déi ënner anerem fir d’ Behandlung vun Pilzinfektiounen a géint Juckreiz benotzt gouf.

4) An dëser Fläsch war eng Eisentinktur. Eisentinkture gouf bis an d’ fréit 20. Joerhonnert als Stäerkungsmëttel fir Patiente benotzt, déi ënner Bluttaarmut oder allgemenger Schwächt gelidden hunn. An der Fläsch gesäit een oxidéiert Reschter vun der Tinktur.

Final days to visit!✨➡️ De Finissage vun der Ausstellung “Wetterwendige Wunderlinge“, a Präsenz vun der Kënschtlerin Edi...
28/08/2026

Final days to visit!✨

➡️ De Finissage vun der Ausstellung “Wetterwendige Wunderlinge“, a Präsenz vun der Kënschtlerin Editha Pröbstle, fënnt dëse Sonnden den 30. August 2026 um 15:00 statt.

21/08/2026

➡️Nach bis den 30. August kënnt dir d’Ausstellung “Wetterwendige Wunderlinge” vun der däitscher Kënschtlerin Editha Pröbstle bei eis am Kulturhaus gesinn.🖼️

Kommt gäre bis laanscht.✨

__________________________________

🇬🇧 Until August 30, you can still visit the exhibition “Wetterwendige Wunderlinge" by German artist Editha Pröbstle at the Kulturhaus in Diekirch.🖼️

Feel free to come by!✨

📣Opgepasst! Last call fir de Molconcours “Op der Rees mam Pimpa: Mol Lëtzebuerg!"🐶Nach bis den 31. August kënne Kanner a...
20/08/2026

📣Opgepasst! Last call fir de Molconcours “Op der Rees mam Pimpa: Mol Lëtzebuerg!"🐶

Nach bis den 31. August kënne Kanner am Alter vu 4-10 Joer beim Molconcours “Op der Rees mam Pimpa: Mol Lëtzebuerg”, den zesumme mat der Italieenescher Ambassade organiséiert gouf, matmaachen.🎨

Op zum Beispill d’Pimpa mat de Gromperekichelcher, d’Pimpa am Mëllerdall oder d’Pimpa zu Dikrech op der Kavalkad, all Iddi ass wëllkomm!😍
Dir kennt Är Biller per Post un de Musée (MHSD) schécken oder och perséinlech laanscht bréngen.

Fir all weider Informatiounen iwwer d’Reegele vum Concours, consultéiert wannechgelift follgend PDFen oder eise Site (www.mhsd.lu)

�https://www.mhsd.lu/wp-content/uploads/2026/04/Concours-FR.pdf

�https://www.mhsd.lu/wp-content/uploads/2026/04/Contest-ENG-.pdf

Ambasciata d'Italia a Lussemburgo
PIMPA
Franco Cosimo Panini Ragazzi
Musée d’Histoire[s] Diekirch

19/08/2026

🇱🇺✨ CALL FOR CREATORS ✨

Augenschmaus goes Dikricher Chrëstmaart!

D’Al Kierch an de Site ronderëm ginn an e kuratéierten Wanter-Maart fir onofhängeg Designer a Kënschtler verwandelt— mëttendran am Dikricher Chrëstmaart.

📍 Al Kirch & Gässelcher ronderëm, Dikrich
📅 19.–20. Dezember 2026
🕐 Samschdeg 11–21 Auer · Sonndeg 11–19 Auer
🎨 34 kuratéiert Stänn — 11 an der Kierch an 23 ronderëm

Mir sichen Handwierk an Design mat Charakter: Keramik, Textil, Holz, Glas, Bijouen, Print, Moud — alles handgemaach, a klenge Serien, mat Geschicht. Keng Massewuer.

Du gehéiers dozou? Mell dech un iwwert den Link an der Bio 👇

www.augenschmaus.lu/application

———

🇬🇧✨ CALL FOR CREATORS ✨

Augenschmaus goes Diekirch Christmas Market!
We’re transforming the “al Kirch” and the streets around it into a curated winter market for independent designers and artists — right in the middle of the Diekirch Christmas market.

📍 Al Kirch & streets around it, Diekirch
📅 19–20 December 2026
🕐 Sat 11am–9pm · Sun 11am–7pm
🎨 34 curated stalls — 11 inside the church and 23 around it

We’re looking for craft and design with character: ceramics, textiles, wood, glass, jewelry, print, fashion — all handmade, small-batch, with a story. No mass-produced goods.

Sound like you? Apply now via the link in bio 👇

www.augenschmaus.lu/application

Ons Stroossennimm an hir Geschicht[en] –  # 14: Rue Emile KowalskyDen Emile Kowalsky (20.08.1867 – 25.08.1943) huet zu G...
18/08/2026

Ons Stroossennimm an hir Geschicht[en] – # 14: Rue Emile Kowalsky

Den Emile Kowalsky (20.08.1867 – 25.08.1943) huet zu Gent a München Mathematik a Physik studéiert an zu Lëtzebuerg säin Dokter gemaach. Vun 1890 un war hie Proff fir Physik a Mathematik am LCD. Hien huet awer niewelaanscht och nach Gesangscourse ginn an den Kolléischchouer dirigéiert, ausserdeem Wierker iwwer Physik, Musék an Naturphilosophie geschriwwen an och Liddertexter verfaasst. Fir seng Verdéngschter gouf hien zum Offizéier am “Ordre de mérite d’Adolphe de Nassau” ernannt. Hie goung 1931 a Pensioun a gouf zum professeur honoraire ernannt.

1973 gouf dës Strooss am Quartier “Sauerwiss” no him benannt. Si grenzt un d’ Stroosse rue Pierre Olinger a rue Joseph Theis.



📷:
1) Impressiounen aus der rue Emile Kowalsky (© Ville de Diekirch)
2) D’ rue Emile Kowalsky (© Ville de Diekirch)
3) Den Emile Kowalsky (aus: Luxemburger Wort, 17.11.1936, S. 10)
4) Den Emile Kowalsky (1. Rei, 1. vu lénks) mat de Proffen aus dem LCD, 1913 (aus: Herr: Diekirch hier et aujourd’hui, S. 113)

Wann dir gëschter d’Stäreschnäize verpasst hutt, kënnt dir dat den Owend nohuelen.🌌Wéini?👀
D’Perseiden - esou gëtt dëst ...
13/08/2026

Wann dir gëschter d’Stäreschnäize verpasst hutt, kënnt dir dat den Owend nohuelen.🌌

Wéini?👀
D’Perseiden - esou gëtt dëst Naturschauspill am August genannt - kann een am Beschten ab Hallefnuecht um Himmel gesinn.💫

💡Wousst Dir schonn?
Interessant ass, dass dës Meteoren (esou heesche Stäreschnäizen an der Wëssenschaft) am Volleksmond och nach “Laurentiustréinen” genannt ginn.

Den Hl. Laurent ass den 10. August de Märtyrerdoud gestuerwen. Wéi dunn e puer Deeg duerno d’Stäreschnäizen um Himmel opgetruede sinn, goufen déi als seng Tréine gedéit.

🔔Little ReminderIf you are looking for something artys and creative during the last weeks of summer break, the drawing c...
07/08/2026

🔔Little Reminder

If you are looking for something artys and creative during the last weeks of summer break, the drawing competition “On a journey with Pimpa: Draw Luxembourg!”, in collaboration with the Italian Embassy, is the perfect little summer activity!🎨🌞

The competition is open to children aged 4-10. The drawings can be submitted until the end of August at the museum MH[s]D.

➡️Please consult the links (FR & ENG) below, where you can find all the necessary information and the complete submission guidelines.

🇫🇷Petit rappel

Si vous cherchez une activité artistique et créative pour les dernières semaines des vacances d’été, le concours de dessin « En voyage avec Pimpa : Dessine le Luxembourg ! », organisé en collaboration avec l’ambassade d’Italie, est l’activité estivale idéale !🎨🌞

Le concours est ouvert aux enfants âgés de 4 à 10 ans. Les dessins peuvent être déposés jusqu’à la fin du mois d’août au musée MH[s]D.

➡️N’hésitez pas à consulter les liens (FR & ENG) ci-dessous, où vous trouverez toutes les informations nécessaires ainsi que le règlement complet du concours.

�https://www.mhsd.lu/wp-content/uploads/2026/04/Concours-FR.pdf

�https://www.mhsd.lu/wp-content/uploads/2026/04/Contest-ENG-.pdf

Pimpa
Franco Cosimo Panini Ragazzi
Ambasciata d'Italia a Lussemburgo
Ministero degli Affari Esteri e della Cooperazione Internazionale

🎤Déi 4. a lescht Editioun vum Mikro-Mëttwoch fënnt den 12. August als Poetry Slam & Open Mic zesumme mat Géisskan Kollek...
03/08/2026

🎤Déi 4. a lescht Editioun vum Mikro-Mëttwoch fënnt den 12. August als Poetry Slam & Open Mic zesumme mat Géisskan Kollektiv op der Plage zu Dikrech statt!

✏️Vu 17h00-18h30 weise Géisskan Kollektiv an dem Workshop « Intro an de Poetry Slam » anhand vu flotten Aufgaben aus dem Theater an der Literatur, wourop et bei engem gudden Text a Performance ukënnt. Egal op Newcomer oder Profi, si ginn iech déi richteg Tools fir unzefänken!

✨ Ab 18h30 fënnt d’Poetry Slam & Open Mic Show statt, wou dir souwuel live Poetry Slam vu Géisskan Kollektiv erliewe, wéi och selwer fir d’Open Mic Show optriede kënnt!

📍Location: Plage Diekirch, 7 rue Joseph Merten um
Campus sportif
➡️Workshop: 17h00 - 18h30
✨Open Mic & Poetry Slam Show: 18h30 -19h30
🗣️Sprooch: egal (all languages are welcome)

🔗Fir den Open Mic kanns du dech iwwer dëse Link umellen: https://forms.gle/29FipQH95BPoqZQ48

See you there!☺️

Adresse

13, Rue Du Curé
Diekirch
9217

Heures d'ouverture

Mardi 10:00 - 18:00
Mercredi 10:00 - 18:00
Jeudi 10:00 - 18:00
Vendredi 10:00 - 18:00
Samedi 10:00 - 18:00
Dimanche 10:00 - 18:00

Téléphone

+ 352 80 87 90 - 1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Musée d'Histoire[s] Diekirch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter Le Musée

Envoyer un message à Musée d'Histoire[s] Diekirch:

Raccourcis

Partager