20/08/2026
Venez retrouver la Maison de Victor Hugo aux « Veiner Pabeier-a Beichergeeg », les 12 et 13 septembre 2026 au château de Vianden 📚
📖✨ Veiner Pabeier- a Béicherdeeg ✨📖
Den 12. & 13. September verwandelt sech d’Veiner Schlass an eng Plaz, wou Pabeier a Bicher am Mëttelpunkt stinn. Am historesche Kader erwaarden iech Stänn mat antiken a wäertvolle Bicher an eng Hellewull aner Verkafsstänn. ☺️
👉 D’Schlass ass an deem Kader och besonnesch gerëscht – mat Deko aus Pabeier vun der Kënschtlerin Eliane Lothritz. Donieft ginn och verschidden Animatioune fir Grouss a Kleng ugebueden.
👉 Hei nach e puer Highlights:
📌 Samschdes, de 12. September
🕝 13:30 – Liesung "Terre entre les mers" vum Sofian Boussaid (🇫🇷)
🕔 15:30 – Liesung "Die Häuser von drüben" & "Hier - ein Fehlen" vum Fabienne Faust (🇩🇪)
📌 Sonndes, den 13. September
🕙 10:30 – Veiner Dictée: Maacht mat bei engem kuerzen Diktat am Veiner Dialekt a gewannt mat e bësse Chance e flotte Präis. Umeldung 📩 [email protected]
🕒 14:00 – Liesung "Mélusine" vum Yves De Smet (🇫🇷)
ℹ Ëffnungszäiten: 10:00 bis 18:00 Auer | Et gëllt de regulären Entréespräis vum Veiner Schlass.