03/09/2026
🇱🇺 LEADER leet Wäert op Innovatioun an Experimentéierfreed. An op Mënschen, déi sech eppes trauen. 💪
Haut verziele mir iech d’Erfollegsgeschicht vum Musée rural zu Bënzelt.
Engagéiert Privatleit hu quasi aus dem Näischt eraus an deem klengen Duerf e Musée op d’Bee gestallt, hu sech professionaliséiert an hunn eng touristesch Offer opgebaut, déi haut am Éislek net méi ewechzedenken ass. LEADER Éislek huet si dobäi ëmmer erëm ënnerstëtzt.
Maacht an eisem Blog en Tour mam Präsident Fred Huet duerch de Musée a gitt vun him gewuer, wéi sech d’Ausstellung mat de Joren ëmmer weiderentwéckelt huet.
💻📲 Fir méi Geschichten, iwwert d’Mënschen an d’Iddien, déi hannert de LEADER-Projete stiechen, gi mir iech reegelméisseg Rendez-vous op stories.leader.lu.
🇬🇧 LEADER values innovation, a willingness to experiment – and people who have the courage to try something new. 💪Today, we’re sharing the success story of the Musée rural in Binsfeld.
Starting almost from scratch, a group of dedicated local volunteers created a museum in this small village, gradually professionalised their work and developed a visitor attraction that has become an established part of the Éislek’s tourism landscape. LEADER Éislek has supported them at various stages along the way.
In our blog, join the museum’s president, Fred Huet, on a tour and discover how the exhibition has grown and evolved over the years.
💻📲 For more stories about the people and ideas behind LEADER projects, visit us regularly at stories.leader.lu.
Musée Binsfeld