Kannermusée PLOMM

Kannermusée PLOMM Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Kannermusée PLOMM, Musée, Luxembourg.

🇱🇺❗️ MIR REKRUTÉIEREN ❗️De Kannermusée PLOMM sicht ee Redacteur / eng Redactrice, fir eist Team ze verstäerken!Du bass i...
05/06/2026

🇱🇺
❗️ MIR REKRUTÉIEREN ❗️

De Kannermusée PLOMM sicht ee Redacteur / eng Redactrice, fir eist Team ze verstäerken!

Du bass interesséiert? Da schéck deng Kandidatur per E-Mail un:
📧 [email protected]

All d’Informatiounen zum Posten fënns du op:
🌐 www.plomm.lu/jobs

Mir freeën eis vun dir ze héieren

🇬🇧
❗️ WE ARE RECRUITING ❗️

The PLOMM Children’s Museum is looking for an Editor to strengthen our team!

Interested? Send your application by email to:
📧 [email protected]

All information about the position can be found at:
🌐 www.plomm.lu/jobs

We look forward to hearing from you

🇱🇺 Geschwënn ass d'Kannerwoch! 🥳Ab dem 30. Mee gëtt et verschidden Atelieren a Aktivitéiten a Betreiungsstrukturen duech...
25/05/2026

🇱🇺 Geschwënn ass d'Kannerwoch! 🥳
Ab dem 30. Mee gëtt et verschidden Atelieren a Aktivitéiten a Betreiungsstrukturen duecht Land. Esou kritt dir en Abléck an déi non-formal Bildung.🔎

📍Mir sinn dofir dëse Weekend um Kannerfestival dobäi! Kommt laanscht an d'Abtei Neimënster a probéiert Atelieren, wou ee spilleresch kreéieren, entdecken a fuersche kann! 🤓

🗓️ Hei fannt dir all d'Informatiounen: https://semaine-enfance.lu/
🇬🇧 Children’s Week is just around the corner! 🥳
From 30 May, there’ll be a range of workshops and activities in childcare facilities across the country. This will give you a look into non-formal education.🔎

📍We’ll be part of the programme at the Children’s Festival this weekend! Stop by Neumünster Abbey and try out workshops where you can create, discover and explore in a playful way! 🤓

🗓️ You can find all the information here: https://semaine-enfance.lu/en/

🇱🇺📅PENGSCHTVAKANZHei fannt dir eis Ëffnungszäiten an der Vakanz! Mir sinn dëse Weekend zou, dofir awer Méinden, Donnesch...
20/05/2026

🇱🇺
📅PENGSCHTVAKANZ

Hei fannt dir eis Ëffnungszäiten an der Vakanz!
Mir sinn dëse Weekend zou, dofir awer Méinden, Donneschden a Samsde fir Privatleit op. 🤗

🐦‍🔥Dir kennt déi Deeg och de besonnesche Spektakel "Sous la table" erliewen. Fir Kanner vun 0 bis 8 Joer verstoppen sech ënnert dem groussen Iessdësch nämlech vill Abenteuer!🪑💫

Bucht Är Visitt hei: https://www.plomm.lu/ticketshop/privatpersonen/
🇬🇧
📅PENTECOST HOLIDAYS

Here you’ll find our holiday opening hours!
We’re closed this weekend, but open on Monday, Thursday and Saturday for individuals. 🤗

🐦‍🔥You can also experience the spectacle “Sous la table” on those days. For children aged 0 to 8, there are plenty of adventures to be found under the big dining room table!🪑💫

Book your visit here: https://www.plomm.lu/en/ticketshop/privatpersonen/

🌟 Är Bün an der Ausstellung LOVE  🎉Eisen Opruff fir Projeten zum Ofschloss der Ausstellung LOVE leeft just nach e puer W...
07/05/2026

🌟 Är Bün an der Ausstellung LOVE 🎉

Eisen Opruff fir Projeten zum Ofschloss der Ausstellung LOVE leeft just nach e puer Wochen. Mir wëllen de Sujet Léift als Ofschloss vun der Ausstellung Mëtt 2027 nach eemol richteg feieren.
Et ass eng eemol Chance fir iech, déi faarweg a besonnesch Expo an är Bün ze verwandelen! Egal, ob mat Bild, Danz, Theater, Musek oder Text - all Iddie si wëllkomm, sou laang se kannerfrëndlech sinn. 🗣️ 📚

📅 Mellt iech nach bis den 31.05 mat ärem Virschlag 🔗https://www.plomm.lu/de/plomm/appels-a-projets/
🌟Your stage in the LOVE exhibition 🎉

Our call for projects to mark the end of the LOVE exhibition is only open for a few more weeks. As the exhibition draws to a close in mid-2027, we would like to celebrate the theme of love one last time in style.
Take this unique opportunity to use the colourful and diverse exhibition as a stage for your art! Whether it’s visual or performing arts, music or writing – all ideas are welcome, as long as they are child-friendly. 🗣️ 📚

📅 Submit your project proposal by 31 May! 🔗https://www.plomm.lu/en/plomm/appels-a-projets/

02/05/2026

🇱🇺
💙💚🧡 D’Motto vun der Kannerkonferenz ChiCo dëst Joer war: „Ech si wichteg, ech spillen!“ Mee firwat hu mir dëst Thema erausgesicht?
💭🧸 Spillen ass net nëmmen en essentiellen Deel vun der Entwécklung vun engem Kand, mee och e Kannerrecht. Ausserdeem hu Kanner nach d'Recht hier Meenung ze soen a gehéiert ze ginn. Mir hunn d’Kanner dofir op der ChiCo gefrot, wat Spille fir si bedeit — an hei ass hire Feedback!🎤
🇬🇧
💙💚🧡 This year’s motto at the Children’s Conference (ChiCo) was: “I matter, I play!” But why did we choose this theme?
💭🧸 Playing is not only an essential part of a child’s development, it is also a children’s right. Children also have the right to express their opinion and to be heard. That's why we asked participants at ChiCo what play means to them — and here is their feedback! 🎤

Zentrum fir politesch Bildung

Photos by © Kary Photography

🇱🇺🇪🇺 Mir sinn dobäi!✨🎉 De groussen Europadag-Event ass dëst Joer zu Wolz, a mir si mat engem Stand vertrueden. Kommt laa...
29/04/2026

🇱🇺
🇪🇺 Mir sinn dobäi!

✨🎉 De groussen Europadag-Event ass dëst Joer zu Wolz, a mir si mat engem Stand vertrueden. Kommt laanscht, feiert d’europäesch Wäerter mat eis a loosst iech vu flotten Aktivitéite fir Grouss a Kleng iwwerraschen.

📅 Sonden, den 10. Mäi 2026
🕚 11:00–18:00 Auer
📍 Weeltzer Schlass

🌐 All d'Infoen zum Dag fannt dir op: https://fb.me/e/6GuR4i7P8
🇬🇧
🇪🇺 We’ll be there!

✨🎉 This year, the big Europe Day event takes place in Wiltz, and we’ll be there with a stand. Come by, celebrate European values with us, and enjoy fun activities for both young and old.

📅 Sunday, 10th of May 2026
🕚 11:00 AM–6:00 PM
📍 Wiltz Castle

🌐Find all information about the day at: https://fb.me/e/6GuR4i7P8

Commission européenne au Luxembourg

🇱🇺 Vakanze-Special – Päischtvakanz: SOUS LA TABLE📸 © Photos 1-2: Cathy Debrun © Photos 3-4: la CompagnieËnnert dem grous...
28/04/2026

🇱🇺 Vakanze-Special – Päischtvakanz: SOUS LA TABLE

📸
© Photos 1-2: Cathy Debrun
© Photos 3-4: la Compagnie

Ënnert dem groussen Iessdësch gëtt et eng verstoppte Welt vun Abenteuer! ✨ Mat dësem Verstopp spillt de Spektakel "Sous la Table" vun Les Zerkiens a léisst Kanner an hir Begleedung mat Schieter experimentéieren.

👉 Des Offer riicht sech un Privatpersounen a Maison Relais!

👧🧒 Zilgrupp: Kanner tëscht 0 an 8 Joer (C1&C2)
🗣️ Sproochen: Méisproocheg
⏱️ Dauer: 60 Minutten

📅 Fir Privatpersounen:
Méindes (25.05.), Donneschdes (28.05.) a Samschdes (30.05.)

📅 Fir Maison Relais:
Nach 2 Plaze fräi! Mëttwoch (27.05.)

🎟 Tickete & Buchungen: www.plomm.lu/ticketshop
🇬🇧 Holiday Special – Pentecost Holidays: SOUS LA TABLE

Under the large dining table, a hidden world of adventure awaits! ✨ In this show "Sous la Table" by Les Zerkiens, children and their companions can experiment with shadows.

👉 This offer is aimed at individuals and Maison Relais!

👧🧒 Target audience: Children aged 0–8 (C1&C2)
🗣️ Languages: Multilingual
⏱️ Duration: 60 minutes

📅 For individuals:
Monday (25.05.), Thursday (28.05.) & Saturday (30.05.)

📅 For Maison Relais:
Only 2 spots left on Wednesday (27.05.)

🎟 Tickets & Reservations: www.plomm.lu/ticketshop

_______________________

Conception et performance : AnneSara Six et Isabelle Pauly

Aide artistique : Marie Van Roey

Musique : Stéphane Grégoire Oeil extérieur : Oriane Varak

Diffusion : Xénia Pfi ster – Mes Idées Fixes

Avec le soutien de : la Montagne Magique, la Maison Culturelle d’Ath, la bourse aux artistes hainuyers, la Maison des Cultures de Saint-Gilles, la Maison des Cultures et de la Cohésion Sociale de Molenbeek, la SABAM et la Fédération Wallonie-Bruxelles (Arts plastiques)

© Photos 1-2: Cathy Debrun
© Photos 3-4: la Compagnie

Théâtre des Zerkiens

26/04/2026

🇱🇺 Mir feieren 2 Joer Kannermusée PLOMM! 🥳

Am Video entdeckt dir e puer Highlights aus dem leschte Joer. E grousse Merci geet un eise klengen a grousse Public an dat fantastescht Team. Mir freeën eis op déi nächst Joren mat iech am Kannermusée❤️
🇬🇧 The children's museum PLOMM is turning 2! 🥳

Discover some highlights from the past year in the video. A huge thank you to all our little and big visitors as well as our fantastic team. We look forward to the next years with you at the children’s museum ❤️

🇱🇺 Eis interaktiv Liesungsrei “Touching Stories” war dank Iech bis elo e vollen Erfolleg! An 3 ënnerschiddleche Geschich...
23/04/2026

🇱🇺 Eis interaktiv Liesungsrei “Touching Stories” war dank Iech bis elo e vollen Erfolleg!
An 3 ënnerschiddleche Geschichten mat 3 besonnesche Set-ups si mir zesummen an nei Welten agedaucht.

⏰ Verpasst net eis lescht Editioun vun dëser Saison, dëse Samsdeg, 25.04.!
An der Geschicht Steinsuppe vum Anaïs Vaugelade (iwwersat vum Tobias Scheffel, © Moritz Verlag) huelen d’Leonie an d’Jessica iech mat an eng Geschicht, an där Begéinung zu Gemeinschaft gëtt. 🥣📚

🎟 Séchert iech déi lescht Tickete ënnert: www.plomm.lu/ticketshop/privatpersonen


🇬🇧 Our interactive reading series “Touching Stories” has been a great success so far thanks to you! ✨
Through 3 different stories and 3 unique set-ups, we have dived together into new worlds.

⏰ Don’t miss the final edition of this season this Saturday, 25.04.!
In the story Stone Soup by Anaïs Vaugelade (translated by Tobias Scheffel, © Moritz Verlag), Leonie and Jessica invite you into a story where encounters grow into community. 🥣📚

🎟 Get the last tickets here: www.plomm.lu/ticketshop/privatpersonen

📣Mir siche Kanner fir eise Kannercomité 🤗💬Mir wëllen zesumme mat dir Aktivitéiten testen an héieren, wat s du denks. Den...
14/04/2026

📣Mir siche Kanner fir eise Kannercomité 🤗💬

Mir wëllen zesumme mat dir Aktivitéiten testen an héieren, wat s du denks. Deng Iddien hëllefen eis, fir de Musée weider ze entwéckelen. Wann s du tëschent 10 a 16 Joer bass, lëtzebuergesch schwätzt a gären deng Meenung sees, dann entdeck hei all Infoen a mell dech gäre bei eis:
👉 https://www.plomm.lu/de/plomm/comite-des-enfants/

🎤Mir freeën eis op deng Umeldung! 🗯️

Adresse

Luxembourg

Heures d'ouverture

Mardi 09:00 - 15:00
Mercredi 13:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 15:00
Vendredi 09:00 - 15:00
Samedi 09:00 - 15:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Kannermusée PLOMM publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter Le Musée

Envoyer un message à Kannermusée PLOMM:

Mis en avant

Partager

Type