08/10/2026
Als Escher Kënschtlerkollektiv Kamellebuttek si mir enttäuscht iwwer déi aktuell Ausernanersetzung tëschent Richtung 22 a Freschasbl
Mir verurteelen, dass e Konflikt tëschent lokale Kulturacteuren esou wäit eskaléiert, dass en elo viru Geriicht ausgedroe gëtt.
Well um Enn däerf et hei net ëm Gewënner a Verléierer goen.
Dat widdersprécht de kulturelle Wäerter, op déi mir houfreg sinn.
Mir brauchen eng Kultur, déi Plaz mécht fir Ënnerscheeder.
Grad hei zu Esch sollte mir et fäerdegbrénge Kritik zouzeloossen a gemeinsam Léisungen fannen.
Kultur soll a ka keen Ego-Projet sinn.
Mir hoffen, dass déi Bedeelegt nees zesummefannen an eng konstruktiv Léisung am Interessi vun der Escher Kultur fannen.
Kamellebuttek🍬
Esch-Uelzecht
Zum Prozessoptakt haut mat der ASBL frEsch huet de Kënschtlerkollektiv Richtung22 ee grousse Banner aus hire Bürosfënsteren erausgehaangen op deem steet "Keng Plaz fir kritesch Konscht". Ënner anerem dee Reproche mécht Richtung22 nämlech der ASBL frEsch.