Zäitrees duerch Lëtzebuerg

Zäitrees duerch Lëtzebuerg Eng Rees duerch vergaangen Zäiten zu Lëtzebuerg mat Hëllef vun Dokumenter aus menger perséinlecher Sammlung
Wann dir nach al Dokumenter (Postkaarten,..)

hutt kennt dir mir gären schreiwen

Stad: Eng Kaart (Fotograf onbekannt ) vum 2ten Januar 1916 ouni weider Beschrëftung. Dat aus dem Joer 1884 gebaute Monum...
31/08/2026

Stad: Eng Kaart (Fotograf onbekannt ) vum 2ten Januar 1916 ouni weider Beschrëftung. Dat aus dem Joer 1884 gebaute Monument zu Éiere vum Guillaume II d Orange-Nassau (gelieft vun 1792-1849, a vun 1840-1849, beléift ënnert de Lëtzebuerger well hien ee Joer viru sengem Doud, Lëtzebuerg déi éischt parlamentaresch Verfassung ginn huet) verréit eis dass mir eis op der haiteger Place Guillaume, am Volleksmond och Knuedler (Numm kennt duerch Mönchen vum Franziskaner Uerden, déi do e Klouschter an eng Kierch haten, an den Numm e Bezuch op de Knuet an hirem Gewand ass) sinn, och wann eng Kopie vun der Statue vum och zu Den Haag steet, ass et hei effektiv de Knuedler an der Stad. Ze erkennen in divers Detailer déi um Monument hänken:

- Uewe Schëld mam Message: ,,Wir wollen eine Freies Volk unter einer freien Grossherzogin ´´

- Blummekranz mat engem Message op der Schléif: ,,A Guillaume II createurs de nos libertes constitutionelles, loyal et fidele observateur de nos droits´´ (op der Foto net gutt ze erkennen, nozeliesen am Artikel vum 03.02.1916 aus der Landwirt Zeitungen, an de Kommentaren den Auszuch)

- Enne Schëld mam Message: ,,Es ist ein Unglück für die Koenige wenn sie das Volk nicht hören´´

Des Message um Wëllem (wei en am lëtzebuergescher Volleksmond genannt gëtt) verroden eis dass 1915/1916 eng Zäit war vu politesche Spannungen, an den 2ten Januar mat der Manifestatioun (et ginn ënnerschiddlech Aussoe vun de Leit déi deelgeholl hunn, engersäits geet et riets vun 20.000 Leit an der Luxemburger Zeitung, anerersäits vu 4000-5000 Leit beim Luxemburger Wort) den Héichtepunkt gebillt hunn, wou Protester sech géint Regierung vum Hubert Loutsch (säit 6 November 1915 mee ouni Majoritéit an der Chamber, bestoend nëmmen aus Ministere vun der Rietspartei) mee och géint déi deemoleg Groussherzogin Marie Adelheid. Ursaache vun dëser Onzefriddenheet an der Bevëlkerung waren, dass Lëtzebuerg ënnert der däitscher Besetzung am éischte Weltkrich ënnert Liewensmëttel Knappheet gelidden huet an Infiltratioun, wei och déi Politesch Krise : Déi vun der Groussherzogin agesate Regierung hat Minoritéit an der Chamber, déi trotz vun der Groussherzogin gefuerderten Neiwalen, déi am Dezember 1915 stattfonnt huet, näischt changéiert huet an se trotzdeem un dëser Regierung festgehalen huet, huet zu staarken Onrouen an der Chamber gefouert. Aus der Siicht vun der Oppositioun war et en Ugrëff op déi parlamentaresch Demokratie a si hunn der Groussherzogin virgeworf en autoritären Staat ze feieren. Natierlech huet och nach Neutralitéitsfroe eng grouss Roll och gespillt a et gouf der rietser Partei wei och de Groussherzogin virgeworf ze däitsch frëndlech sech ze behuelen a mat deelweis mat den däitsche Besëtzer ze kooperéieren.

Resultat war dass Regierung vum Hubert Loutsch den 11 Januar 1916 e Mësstraue Vott verluer huet a Misst zeréck trieden, Groossherzogin ass am Januar 1919 zeréck getrueden, nodeems hier Haltung zu den däitsche Besëtzer virgeheit gouf an se sou matter och Monarchie wollt retten an deem se Troun hirer Schwëster Charlotte ginn huet

Diddeleng: Eng Kaart (vum N.Schumacher, Mondorf les bains) ëm 1910 mat der Beschrëftung ,,Düdelingen Burgstrasse Dudelan...
28/08/2026

Diddeleng: Eng Kaart (vum N.
Schumacher, Mondorf les bains) ëm 1910 mat der Beschrëftung ,,Düdelingen Burgstrasse Dudelange rue du bourg´´ Hei erkennt een déi deemoleg rue du bourg, haut geheiert dësen Deel zur avenue Grand Duchesse Charlotte. Am Réck ass nieft der place de l'hotel de ville och Ruckesch Gässel (direkt vis a vis vum Gemengenhaus), benannt nom Diddelenger Architekt a Entrepreneur Joseph Ruckert (1952 verstuerwen), deem Ausféierung vun de Pläng zum Bau vum neie Gemengenhaus am Joer 1928 uvertraut goufen (hei eng Foto wou Gemengenhaus nach net stoung, mee een no engem Artikel vun der R***e vum 5ten Oktober de Joseph Ruckert erkennt wei ee Buergstrooss, haut place de l´hotel de ville, erof trëppelt, et soll dee ganz riets si bei der Groupe vun deene 4 Leit fir: https://www.facebook.com/share/p/1ESUKrUxUY/?mibextid=wwXIfr ). Fir riets am Bild, haut besteet Gebai net mei (et ass am neie Gebai e Fotosgeschäft ënnert anerem am RDCH), erkennt een nieft dem Cafe du Commerce, nach de, P. Schmitt säin ,,Auskunftsbureau und Incassogeschäft´´deen nieft sengen Aktivitéite fir Geld professionell anzezéien wou Scholden op waren, och de Leit ugebueden huet se um Gericht ze vertriede bei Handels an Zivil Saachen. Niewendrun, wou Gebai nach haut besteet, ass déi haiteg Brasserie Safe, deemools nach Epicerie Liegeois-Theis (hei eng Foto mat weider Erklärungen: https://www.facebook.com/share/p/1HogXpUhyq/?mibextid=wwXIfr ) an hannen an der Strooss (gutt ze erkennen un de markante Symboler vun der Schmelz un der Fassad déi haut nach do sinn) erkennt een den deemolegen Econmat (wou haut de Cafe Why Not ass), eng Aart Epicerie extra fir Aarbechter vun der Schmelz, hei eng besser Foto mat mei Erklärungen: https://www.facebook.com/share/p/1HaoVYzmYG/?mibextid=wwXIfr

Iechternach: Eng Kaart (vum J.M. Bellwald, Echternach) vum Abrëll 1919 mat der Beschrëftung ,,Les americains a Echternac...
26/08/2026

Iechternach: Eng Kaart (vum J.M. Bellwald, Echternach) vum Abrëll 1919 mat der Beschrëftung ,,Les americains a Echternach I Bat. 108 Engrs ,,Right dress´´April 1919´´ Nodeems den 2ten August 1914 däitsch Truppen a Lëtzebuerg amarschéiert sinn, an Neutralitéit vum Land verletzt hunn andeems se all strategesch wichteg Punkte wei zum Beispill Schinnennetz oder Eisenindustrie besat haten, war de Krich och zu Lëtzebuerg ukomm. Lang Joeren soll Lëtzebuerg besat bleiwen, ënnert de Fliger Ugrëff a Liewensmëttel Knappheet leiden éier den 21 November 1918 éischt amerikanesch Truppe sollten a Lëtzebuerg eramarschéieren a doduerch déi däitsch Besëtzer verdreiwen. Amerikaner sollte bis September 1919 a Lëtzebuerg bleiwe, mam Zill Stabilitéit vum Land an och de Opbau vum Land nom Kirsch ze ënnerstëtzen. Hei erkennt een Truppe vun der 108 Engineers (Pionéierregiment vun der 33 Division) wei se op der Maartplaz zu Iechternach am Abrëll 1919 stinn, wou Iechternach als Garnisounsstad benotzt gouf, an se häerzlech wëllkomm geheescht goufe vun der Bevëlkerung. Den 8ten Abrell 1919 sollten Truppen vun der 108 Engineers vun Iechternach ofgezu ginn, mee 2 Deeg doropper den 10ten Abrëll huet erëm geheescht ,,at home again´´nodeems se erëm zeréck op Iechternach komm sinn. Den 20ten Abrëll am gläiche Joer soll et awer dunn endgülteg erëm Heem an Amerika goen, nodeems nach eng grouss Inspektioun duerch den Divisiouns Generol Bell statt fonnt hat.

Hollerech: Eng Kaart (vum Verl. A. Weidmann, Photogr. Luxembourg ) Ufanks 1900 mat der Beschrëftung ,,Hollerich, place d...
24/08/2026

Hollerech: Eng Kaart (vum Verl. A. Weidmann, Photogr. Luxembourg ) Ufanks 1900 mat der Beschrëftung ,,Hollerich, place du marche´´ Ze erkennen ass déi haiteg rue baudouin (op der Héischt Hausnummer 49), eng Strooss déi laanscht Place Saints Pierre et Paul verleeft, wat deemols Maartplaz, wei uewen op der Kaart beschriwwen ass, war vun der deemools eegestänneger Gemeng Hollerech. Ze erkennen op der Foto ass lenks de Cafe de l industrie, dee senge Gäscht och eng Keelebunn a Billard ugebueden huet mat engem Consum Geschäft (en Eenzelhandel Geschäft dee Liewensmëttel an Artikel fir den deegleche Bedarf ugebueden huet), wou Gebai haut nach besteet, a wou ënnen um RDCH Hollerech Stuff nach Gäscht empfänkt (Foto an de Kommentaren). Niewendrun erkennt een nach Geschäft vum P. Merjay en Usträicher an e Wunngebai, Gebaier déi haut net mei do stoen. Virdrunner sti Pompjeeën an eventuell och den Hollerech Buergermeeschter an der Mëtt (tëscht de Pompjeeën) nieft anere Schauluschtegen (deemools war et schonn e besonnesch Evenement wann eng Foto opgeholl gouf, warscheinlech oder zimmlech sécher, konnt kee vun deene Leit op der Foto sech virstellen dass Foto mat hinnen iwwer 100 Joer duerno um Internet géing optauchen). Hollerech, fir genau ze si Por Hollerech, gouf am 10ten Joerhonnert déi éischte kéier erwäänt, wou et am Mëttelalter nieft Bauerenhäff och ënnert anerem Steebréch a Kalk Uewe gouf, déi déi no geleeë Festungsstad beliwwert hunn. No der Ouverture 1859 vun der Gare ass zu Hollerech Industrie an den Handel opgeblitt, wat als Resultat hat dass Bevëlkerung sech a kuerzer Zäit Enn vum 19ten Joerhonnert verduebelt hat.. 1920 zesumme mam Rollengergronn a Hamm, ass Hollerech u Stater Gemeng agliddert ginn, wou se haut nach ëmmer zu enger vun de 24 Quartiere vun der Stater Gemeng ugehéiert (an de Kommentaren ass nach eng Foto vun enger Enveloppe aus dem Joer 1917 vun der Hollerech Administration communale). Hollerech war och bekannt duerch säi Gaswierk, hei eng Foto mat mei Erklärungen: https://www.facebook.com/share/p/195TGk6eos/?mibextid=wwXIfr

Déifferdeng: Eng Kaart (vum Charles Bernhoeft ) Ufanks 1900 mat der Beschrëftung ,,Differdingen Blockwalzwerk'' Eng Foto...
21/08/2026

Déifferdeng: Eng Kaart (vum Charles Bernhoeft ) Ufanks 1900 mat der Beschrëftung ,,Differdingen Blockwalzwerk'' Eng Foto déi e wichtegt Stéck Industriegeschicht vun Déifferdeng festhält: ze erkennen ass Walzanlag vun der Déifferdenger Schmelz wei se fréier am Déifferdenger Stolwierk am Asaz war. Bei der Walzerei gouf de gliddege Stol, deen aus der Produktioun koum, tëscht Walzen duerchgedréckt. Duerch dëse Prozess gouf de Stol mei dënn, méi laang an déi gewënschte Form bruecht. Jee no Walzanlag konnten esou zum Beispill Schinnen (wei zu Rodange), Träger (wei hei am Beispill déi bekannte Grey Träger) oder aner Stolprofiller hiergestallt ginn. Déi grouss horizontal Walzen am Zentrum vun der Foto waren dobäi e wichtege Bestanddeel. De Stol ass tëscht de Walzen duerch gelaf an ass bei all Passage weider geformt ginn, D'Kraaft, déi do néideg war, war enorm, dofir gesäit een och déi massiv Konstruktioun, grouss rieder, Wellen an Transmissiounen. Des Schmelz hat duerch Produktioun vun hire Grey Träger déi duerch ganz Welt verschéckt a verbaut goufen, e enormen Erfolleg och wann Ufanks Ulaf Problemer goufen: Déi éischt Societéit ,,Soicété anonyme des mines et hauts fourneaux de Differdange'' huet misst 1886 Faillite umellen (an de Kommentaren ass e Schreiwes mam Stempel ,,Société anonyme des Mines et des Hauts-Fourneaux de Differdange En faillite les curateurs'' wou ee vun de Curateuren den Alphonse München, e lëtzebuergeschen Industriellen deen och ënnert anerem Direkter war an den Hollerech Schmelz, ënnerschriwwen huet). Aus der Faillite vun der dëser Societéit sollt do am Joer 1896 ,,Sciété anonyme des hauts-fourneaux de Differdange'' entsoen, wou de virdrunner ernimmten Alphonse München och ënnert anerem Matgrënner war.

Esch Uelzecht: Eng Kaart (vum G Sluse, Marbier, Esch s. A.) Ufanks 1900 mat der Beschrëftung ,,Quartier et Lavoir''. Eng...
19/08/2026

Esch Uelzecht: Eng Kaart (vum G Sluse, Marbier, Esch s. A.) Ufanks 1900 mat der Beschrëftung ,,Quartier et Lavoir''. Eng flott Foto vun der Strooss dei haut nach den einfachen Numm ,,Quartier'' dréit a wou ee riets nach wei uewe beschriwwen de Wäschbuer erkennt. Haut ze Daags wou all Stot seng Wäschmaschinn huet, kennt kee mei Bedeitung vun engem Wäschbuer, et war eng Platz wou Leit net nëmme Wäsch konnten an enger Quell Waasser op der Hand maache mee et war fir eng Duerfgemeinschaft eng wichteg Platz wou een sech getraff huet an de Klatsch an Traatsch gewuer ginn ass. Hei awer handelt et sech net em en traditionelle Wäschbuer, wei een zur deier Zäit der vill hat, mee et handelt sech em eng natierlech Quelle, déi benotzt gouf (nach haut zum Deel) fir Stad Esch mat Waasser ze versuergen. Sie gouf 1885 a Betrib geholl, an déi eicht Leitung (deemools nach aus Holz) ass vum Wäschbuer bis zur Gemengeplaz gelaf, wou sech Waasser gesammelt huet fir eng Tränk fir Päerd. Pompelstatioun déi bis 1951 a Betrib war, huet sech an deem Gebai do befonnt.

Stad: Eng Kaart (vum Lichtdruck von Frings & Garms,Luxembourg ) Ufanks 1900 mat der Beschrëftung: ,,Schobermesse´´. Ze e...
17/08/2026

Stad: Eng Kaart (vum Lichtdruck von Frings & Garms,
Luxembourg ) Ufanks 1900 mat der Beschrëftung: ,,Schobermesse´´. Ze erkennen ass den Alldag um Glacis wärend der Schueberfouer Ufanks 2900, lenks mat den Zelten wou Leit konnten iesse goen a riets divers Spillstänn wei zum Beispill eng Schéissbud. Wat Leit sech net bewosst sinn dass em 1900 och oft sou Stänn mat ,,Völkerschauen´´waren, wou een Awunner wei zum Beispill vum afrikanesche Kontinent oder aner Kolonien de Besicher zur Schau gestallt huet, hei ass e seltent Beispill vun der Diddelenger Kiermes wou ee Riets eng Bud erkennt déi Reklamm mécht fir ,,Eskimo Schwestern´´ze kucken,: https://www.facebook.com/share/p/18fLYZKN5M/?mibextid=wwXIfr . Des Kaart ass passend zur dëser Woch, wou e Freiden den 21 August Ouverture vun der Schueberfouer um Glacis ass, eng vun den eelsten Traditiounen déi nach bis haut gefeiert gëtt, säit hirer Grënnung am Joer 1340. Ufanks nach um Schuedbuerg (déi sech um Plateau St. Esprit befonnt huet) a warscheinlech dësem Evenement den Numm ginn huet (als éischt Schuebermiss duerno Schuebermess). Mat der Zäit war des Platz war des Platz awer ze kleng, an sou komm et dass Fouer am Joer 1640 op de Lampertsbierg geplënnert ass, nodeems Beem do gefält goufe wéinst der Festungsmauer (nërdlech vun der haiteger Allee Scheffer no bei hirer haitege Platz). ,,Éischt´´am Joer 1893, nodeems Festungswierker ofgedroe goufen, ass Fouer op de Glacis geplënnert, och aus dem einfache Grond dass Fouer der Bebauung vum Lampertsbierg net sollt am Wee stoen. Ufanks éischter e Jahrmarkt, souzesoen eng Handels a Verkaafsmesse ass aus der Fouer lues a lues eng Veranstaltung fir Vergnüge vun de Leit ginn: als éischt si Concerten ofgehale gi wou gedanzt gouf, lues a lues kommen déi aner Virféierunge fir Leit ze ënnerhalen dozou (ee Beispill aus dem Joer 1888 an de Kommentaren), éier dann och déi éischt Spiller hire Wee op Fouer fonnt hunn an dat de Charme vun der Fouer haut nach ëmmer ausmëscht wou fir jiddereen eppes dobäi ass. Sief et e Maufel iesse goen, op Riserad goen oder déi sëlleg Geschäft Stänn an der Schëffer Allee kucke goen. Wann een den Artikel vun der Independance aus dem Joer 1888 liese kann, waren et zu deem Zäitpunkt haaptsächlech Verkafsstänn déi Fouer gepräägt hunn. Ouni Virfäll ass Fouer net ëmmer iwwer Bün gaangen, wei zum Beispill 1889, wou e Feier Fouer heem gesicht hat (Artikel an de Kommentaren) a doduerch puer Bude verbrannt waren. Am Dossier si weider Flyeren a Fotoe ronn zur Schueberfouer, wei och an de Komentare wou eng Maximum Kaart aus dem Joer 1990 ass a wou ee gesäit wei sech Fouer entwéckelt huet an den Joerzingten déi tëscht deenen 2 Fotoen hei leien.

Diddeleng: Eng Kaart (vum Photogr. F. Müller, Düdelingen ) ëm 1910 mat der Beschrëftung ,,alter Kirchplatz''. Diddeleng,...
14/08/2026

Diddeleng: Eng Kaart (vum Photogr. F. Müller, Düdelingen ) ëm 1910 mat der Beschrëftung ,,alter Kirchplatz''. Diddeleng, wou déi éischt Awunner vun deenen ee weess sech zur Réimerzäit uewen um Mont St. Jean niddergelooss haten an elo mat sengen 22.203 Awunner (Stand 01/01/25) zu enger vun de gréisste Stied am Minett zielt, hat wat vill Leit net wëssen Ufanks 1900 2 Kierchen am Duerfkär puer Meter vuneneen ewech nëmmen, wat den Numm ,,alter Kirchplatz'' hei op der Foto erkläert (wat Plaz war op der héicht vun der haiteger rue commerce Nummer 32, do wou Vëlosgeschäft ass): Am Hannergrond erkennt een, ee Kierchtuerm vun der St Martins Kierch déi haut nach besteet (si gouf 11ten Juni 1904 duerch den deemolege Bëschof Koppes ageweit, nodeem 1894 de Grondstee fir de Bau vun dëser Kierch geluecht gouf) an um Eck vun der haiteger rue du commerce a rue des écoles (do wou haut nach e Gedenkstee steet) stoung déi al Kierch mat Kierfecht, déi awer duerch de Boom wou Diddeleng duerch Eisenindustrie erlieft huet, ze kleng ginn ass an duerch St Martin Kierch ersat gouf (no der Aweiung vun der St Martin Kierch gouf des ofgerappt, a Leit déi do begruewe war op de Kierfecht (haut ale Kierfecht) ëmgeluecht). Lenks erkennt een nach Geschäfft vum Francois Hippert (deen den 10/10/1939 am Alter vu 65 Joer verstuerwe war)

a deen do e Consum Geschäft (e genossenschaftlech organiséiert Geschäft fir Versuergung vun de Leit mat Liewensmëttel a Wuere fir den deegleche Gebrauch zu engem gënschtege Präis ze garantéieren) bedriwwen huet Ufanks 1900, a wou dat Gebai am 2ten Weltkrich duerch Ugrëff staark beschiedegt gouf (Foto an de Kommentaren)

Réimech: Eng Kaart (vum P.C. Schoren, Luxembourg Gare ) op 1914 datéiert mat der Beschrëftung ,,Remich partie du pont'' ...
12/08/2026

Réimech: Eng Kaart (vum P.C. Schoren, Luxembourg Gare ) op 1914 datéiert mat der Beschrëftung ,,Remich partie du pont'' Réimech, wou um westlechen Ufer vun der Musel leit, déi Grenz zu Däitschland mëscht, gouf scho 768 ënnert dem Numm ,,Remacum'' erwäänt a war wärend der Réimerzäit eng kleng Usiidlung vu Fëscher a Schëffsleit. Haut ass Réimech virun allem als Touristestad bekannt mat senger 3 Kilometer laanger Promenade laanscht Musel ënnert anerem. Hei erkennt ee Musel Brécke, déi Réimech mat der däitscher Uertschaft Nenneg verbënnt. Hei am Bild ass nach déi al Brécke aus dem Joer 1866 (Bogenbrücke mat 7 stengene Bei), déi eng Breed vu 5 Meter hat (mat allkéiers engem Trottoire fir Foussgänger op all Säit). Fir Brécke déi finanzéiert gouf op Uerder vun der Groussherzoglecher Famill, ze passéiere, gouf eng Maut fest gehalen déi Leit bis 1939 misste bezuelen (riets erkennt een nach Gebai vum ,,Zahlbureau'' e Gebai wat haut nach besteet, eng besser Foto an de Kommentaren). Des Brécke wei se hei op der Foto ze erkennen ass, gouf am September 1944 duerch däitsch Truppen zerstéiert, nodeems Amerikaner ëmmer mei no u Musel komm sinn. Nom Krich bis zum Bau vun der neier Bréck (1959 fäerdeg gestallt) gouf den zersteierten Deel duerch eng Holzbréck ersat.

Wat Kaart interessant mécht ass och déi aner Säit (Foto an de Kommentaren), si a Lincoln Avenue zu Chicago verschéckt. Hei kann ee Follgendes Liesen:

,,Remich den 12 12 1914 Lieber Kusing Peter, Teile dir mit dass wir letzten Samstag nach Remich gekommen sind aus der langen Gefangenschaft in Frankreich. Wir sind noch gesund und munter und hoffe dass gleiche von dir. Elis sucht eine neue Stelle für Affen zu dressieren wenn du so eine findest so tu es uns zuwissen. Deine Antwort erwartend. Es grüssen diche Maria und Elis und Küssen. Gerhat ist in Granville gefangen''

Hei bei handelt et warscheinlech em Leit (däitsch Staatsbierger?) déi Franséisch Krichsgefaangener ware wärend dem éischte Weltkrich deen am Juli 1914 ugaangen ass an do hirer Gefaangenschaft de Wee op Réimech (Lëtzebuerg war säit dem 02 August 1914 duerch däitsch Truppe besat) fonnt hunn, wou Elis op der Sich war fir eng nei Platz fir Afen ze dresséieren. Ofgesi vum ,,Gerhat'' deen zu Granville (an der Normandie) gefaange war nach, Granville war wärend dem éischte Weltkrich e Gefaangenelager fir éisträichesch an däitsch Staatsbierger (bekannt als ,,Dépôt d'Austro/Allemands de la corderie Granville et de chausey'') ënnert der Opsicht vum franséischen Inneministère..

Stad: Eng Kaart (vum Verlag H.Reding, Luxbg. Boneweg) em 1900 mat der Beschrëftung ,,Luxemburg-Bahnhof, Gare Centrale´´ ...
10/08/2026

Stad: Eng Kaart (vum Verlag H.Reding, Luxbg. Boneweg) em 1900 mat der Beschrëftung ,,Luxemburg-Bahnhof, Gare Centrale´´ Eng flott Kaart déi Liewen em Joerhonnertwend ronderëm der Stater Gare weist.

An der Foto uewen erkennt ee gutt déi al Gare, e Gebai deemools nach aus Holz (erënnert een iergendwéi un eng Filmzeen an engem Western Film), déi den 11ten August 1859 feierlech ageweit gouf, schliisslech war et déi éischt Gare mat internationaler Verbindunge fir Stad an sou vill Dieren opgemaach huet. De Quartier Gare huet sech entwéckelt, zemools nodeems de Londoner Vertrag 1867 ënnerschreiwe gouf an et zur Schleifung vun de Festungswierker koum well Lëtzebuerg offiziell als neutral Land gegëllt huet (dat erkläert och wéisou déi éischt Gare aus Holz war: an engem gewësse Perimeter vun de Festungsmauere misst all Gebai aus Holz sinn, fir am Fall vun engem Ugrëff kenne schnell ofgerappt ze ginn an net nach onnëtzt dem Feind Schutz sollt ginn). Dëse Vertrag huet nei Méiglechkeete fir Stad gebueden, a Gebai sinn aus dem Buedem geschoss ronderëm Gare, virun allem Hoteller an Entreprisen hu vun der gënschteger Platz profitéiert: Gare war 1900 amfong ze vergläichen als Findel. Leit si vun allen Deeler Europa do ugereest (Taxie wei de Päerdstram a Päerdskutsche waarde scho virun dem Gebai) an hunn sech an den Hoteller ronderëm Gare niddergelooss (oft och Reesender déi hier Produiten hei am Land probéiert hunn ze verkafen) mee och Entreprise wei Mercier hu vun der Laach profitéiert fir hier Produiten iwwer de Wee iwwer Schinne kennen u Clientë weit iwwer Grenzen ze bréngen (wei haut mat Cargolux reng bildlech gemengt) .

Lenks nieft der Gare erkennt een nach Postgebai. Dëst éischt Gebai vun der Post (Administratioun vun der Post war awer scho säit 1859 op der Gare present) gouf 1877 ageweit, an ass trotz senger klenger Gréisst nach bis 1910 déi eenzeg Verwaltungsstruktur no bei der Gare bliwwen, éier da verschidden Déngschtleeschtungen an dat nei Gebai ,,Hotel des Postes''geplënnert sinn. 2 Joer duerno goufen och déi leschte Büroe vun der Post aus dem Gebai an déi nei Gare verluecht an dëst Gebai op der Foto war eidel. Nach ëmmer befënnt sech Post direkt bei der Gare, säit 2023 an hirem neie Gebai op 38 place de la gare (dat 5 an der Geschicht vun der Post op der Gare), sou dass ee ka soen, dass Post vun 1859 bis 2023 direkt bei der Stater Gare present war oder besser gesot ass.

Ennen op der Foto erkennt een nach déi al Avenue / avenue de la gare, zu engem Zäitpunkt wou déi nei Avenue nach gebaut war, a wou den Hotel de la gare nach do war (spéider Hotel Staar um Eck vun der neier an aler Avenue, hei mei dozou: https://www.facebook.com/share/17MkqWyFVT/? ) mee och den Hotel Cleese riets, hei mei zur Geschicht vum Hotel Cleese: https://www.facebook.com/share/1BjKS2XQ4n/?

an de Kommentaren ass nach en ,,Libre Parcours´´aus dem Joer 1903 déi dem Inhalter vun dëser Kaart, engem Avecot et erméiglecht huet beim Virweise vun dëser Kaart an der éischter Klass ze reese mat den Zich vun der Chemins de fer Prince Henri

Adresse

Avenue Grand-duchesse Charlotte
Dudelange
3440

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Zäitrees duerch Lëtzebuerg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type