Musée "A Possen"

Musée "A Possen" Musée folklorique et viticole Das im Jahre 1967 gegründete Museum „A Possen“, lädt Sie ein, ein typisches Winzerhaus mit kompletter Einrichtung aus dem 18. Jh.

und 19. zu etdecken. Die Küche mit Räucherkammer, das Schlafzimmer, sowie die Werkstätte des Webers und des Schuhmachers erläutern, in authentischer Atmosphäre, den Alltag vergangener Zeiten. Kinder und Erwachsene entdecken im Spielzeugmuseum eine abwechslungsreiche Sammlung von antiken Puppen, Teddybären, Modelleisenbahnen und allerlei Spielzeugen aus früheren Zeiten. Regelmäßige Workshops, Ausst

ellungen, Vorträge und musikalische Abende vervollständigen das Angebot des Museums. In der ans Museum angegliederten Weinstube „Wäistuff A Possen“ können sich Weinkenner und Gourmets an regionalen Weinsorten und einer traditionellen Küche erfreuen. Etabli dans une vielle demeure restaurée du XVIi siècle, le musée « A Possen » retrace la vie familiale de vignerons et quotidien en milieu rural. L'exposition de jouets anciens permet au visiteur de découvrir l'enfance d'antan. Visites guidées, ateliers pour enfants, expositions thématiques et soirées musicales complétent le programme du musée.

De Lavendel ass erëm do an erfëllt eis Gäert mat senge schéine Faarwen a sengem douce Geroch… 🪻De 27. Juni kënnt Dir am ...
19/06/2026

De Lavendel ass erëm do an erfëllt eis Gäert mat senge schéine Faarwen a sengem douce Geroch… 🪻

De 27. Juni kënnt Dir am Kader vun engem intergenerationellen Atelier e kreative Moment verbréngen an zesumme mat eiser Mediatrice d’Konscht vum Lavendel-Flechten entdecken. Grouss a Kleng kënnen hiren eegene Lavendelstab mat faarwege Bänner gestalten: eng flott Dekoratioun, déi Äert Doheem nach laang mat engem agreabele Geroch erfëllt! ✨

🌿 D’Plazen si limitéiert: mellt Iech elo un!
👉 Méi Informatiounen op eiser Internetsäit: www.musee-possen.lu
_________________________

La lavande est de retour et parfume nos jardins de ses belles couleurs et de son doux parfum… 🪻

Le 27 juin, venez partager un moment créatif lors d’un atelier intergénérationnel et découvrez, avec notre médiatrice, l’art du tressage de la lavande. Petits et grands pourront réaliser leur propre bâton de lavande à l’aide de rubans colorés : une jolie décoration qui embaumera longtemps votre intérieur ! ✨

🌿 Les places sont limitées : inscrivez-vous dès maintenant !
👉 Plus de détails sur notre site internet : www.musee-possen.lu

Visit Moselle Gemeng Schengen

✨ Eng nei temporär Ausstellung ass am Opbau!D’Aarbechten si amgaang… Mir freeën eis, Iech vum 1. Juli bis den 31. Dezemb...
18/06/2026

✨ Eng nei temporär Ausstellung ass am Opbau!
D’Aarbechten si amgaang… Mir freeën eis, Iech vum 1. Juli bis den 31. Dezember ze begréissen, fir se ze entdecken.
_________________________

✨ Nouvelle exposition temporaire en préparation !
Le montage est en cours… Rendez-vous dès le 1er juillet jusqu’au 31 décembre pour la découvrir.

Visit Moselle Gemeng Schengen

🌿 Lavendel flechten zum Lavendelstab 🌿Ab Juni bléit an doft de Lavendel nees a villen Gäert… Den 27. Juni, kënnen Kleng ...
10/06/2026

🌿 Lavendel flechten zum Lavendelstab 🌿

Ab Juni bléit an doft de Lavendel nees a villen Gäert… Den 27. Juni, kënnen Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) sech an engem intergenerationellen Atelier un der Säit vun eiser Mediatrice am Lavendelflechten versichen. Mat e bëssi Fangerfäerdegkeet a faarwegen Bänner, gëtt aus dem Lavendel e Lavendelstab – eng kléng Dekoratioun déi net nëmme schéin ausgesäit ma och nach gutt richt! Fir eng kleng Stäerkung mat engem Gedrénks an enger Knabberei ass och gesuergt!

Samschdeg, 27. Juni
Vu 14:00 bis 17:30 Auer
Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen an Begleedung vun engem Erwuessene sinn)
Reservatioun obligatoresch per Telefon ënnert +352 23 69 73 53 oder per E-Mail op [email protected]
Präisser: 30 € pro Erwuessenen ; 15 € pro Kand > 4 Joer ; gratis fir Kanner < 4 Joer

_________________________

🌿 De la lavande tressée au bâton de lavande 🌿

À partir de juin, la lavande fleurit et embaume à nouveau de nombreux jardins… Le 27 juin, aux côtés de notre médiatrice, petits et grands pourront s’essayer au tressage de la lavande lors d’un atelier intergénérationnel (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte). Avec un peu de dextérité et des rubans colorés, la lavande se transforme en bâton de lavande – une petite décoration qui est non seulement jolie, mais qui sent également très bon ! Une petite collation avec une boisson et une gourmandise sera également offerte lors de cet atelier !

Samedi 27 juin
De 14h00 à 17h30
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par e-mail à [email protected]
Tarifs : 30 € par adulte ; 15 € par enfant > 4 ans ; gratuit enfant < 4 ans

Visit Moselle Gemeng Schengen

De 6. Juni hu mir am Musée « A Possen » d’Aarbecht vum Schouster entdeckt a hu mat Lieder geschafft. Un der Säit vun eis...
08/06/2026

De 6. Juni hu mir am Musée « A Possen » d’Aarbecht vum Schouster entdeckt a hu mat Lieder geschafft. Un der Säit vun eiser Mediatrice hunn déi jonk Visiteuren allerdéngs keng Schong, ma wonnerschéi Schlësselunhänger designt a kreéiert 😉📿
_________________________

Le 6 juin, nous avons découvert le travail du cordonnier au musée « A Possen » et travaillé le cuir. Aux côtés de notre médiatrice, les jeunes visiteurs n’ont toutefois pas fabriqué de chaussures, mais ont conçu et créé de magnifiques porte-clés 😉📿

Visit Moselle Gemeng Schengen

📿 Vum Stéck Lieder zum Schlësselunhänger 📿De Musée « A Possen » setzt a senger Ausstellung dat traditionellt Wësse vum S...
29/05/2026

📿 Vum Stéck Lieder zum Schlësselunhänger 📿

De Musée « A Possen » setzt a senger Ausstellung dat traditionellt Wësse vum Schouster an d’Liederveraarbechtung an de Fokus. De 6. Juni kënne Kanner am Alter vu 6 bis 12 Joer, begleet vun eiser Mediatrice, dëst edelt Material op eng spilleresch Aart a Weis entdecken. An enger gemittlecher Atmosphär gëtt gezeechent, geschnidden, gebitzt a gepecht, bis en eenzegaartegen a flotte Schlësselunhänger entsteet.

Samschdes, 6. Juni
Vu 14.00 bis 17.00 Auer
Kanner vu 6 bis 12 Joer
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected]
Präis: 25 €
_________________________

📿 Du morceau de cuir au porte-clés 📿

Le musée « A Possen » met en valeur dans son exposition le savoir traditionnel du cordonnier et le travail du cuir. Le 6 juin, les enfants de 6 à 12 ans, accompagnés d’une médiatrice, exploreront ce noble matériau de manière ludique. Dans une atmosphère conviviale, ils pourront dessiner, découper, coudre et coller, afin de créer un porte-clés unique et original.

Samedi 6 juin
De 14h00 à 17h00
Pour les enfants de 6 à 12 ans
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email à [email protected]
Tarif : 25 €

Visit Moselle Gemeng Schengen

⚠️ Opgepasst:Eisen intergenerationellen Atelier „Mir bitzen eng Halette!“ vum 30. Mee muss leider verréckelt ginn. Souba...
22/05/2026

⚠️ Opgepasst:
Eisen intergenerationellen Atelier „Mir bitzen eng Halette!“ vum 30. Mee muss leider verréckelt ginn.
Soubal en neien Datum feststeet, gitt Dir selbstverständlech informéiert 📅✨

Merci fir Äert Verständnis.
_________________________

⚠️ Attention :
Notre atelier intergénérationnel « Cousons une hâlette ! » du 30 mai doit malheureusement être reporté.
Dès qu’une nouvelle date sera fixée, vous en serez bien entendu informés 📅✨

Merci pour votre compréhension.

Visit Moselle Gemeng Schengen

🪡 Mir bitzen eng Halette! 🪡Samschdes, de 30. Mee, kënne Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene ...
18/05/2026

🪡 Mir bitzen eng Halette! 🪡

Samschdes, de 30. Mee, kënne Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) un engem kreativen an historeschen Atelier deelhuelen, an deem jiddereen eng « Halette » bitze kann. Heibäi handelt et sech em eng traditionell Kappbedeckung aus der Muselregioun, déi fréier gedroe gouf, fir sech géint d‘Sonn ze schützen andeems si Kapp a Schëllere bedeckt, a de Fraen sou ee gudde Schutz bei der Aarbecht am Freie gebueden huet.

Egal ob Dir just ufänkt mat bitzen oder scho méi Erfarung matbréngt – dësen Atelier ass fir jiddereen op! Eis Mediatrice begleet Iech Schrëtt fir Schrëtt, a jidderee geet mat senger eegener Kreatioun Heem.

Eng Mëttespaus ass tëscht 12:30 a 14:00 Auer an der Wäistuff, direkt nieft dem Musée, virgesinn.

Samschdes, den 30. Mee
Vun 10:00 bis 12:30 an vun 14:00 bis 17:30 Auer
Fir jiddereen (vun 12 Joer u; Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn a selwer un hirer Kreatioun schaffe kënnen)
Umeldung obligatoresch ënner +352 23 69 73 53 oder per E-Mail op [email protected]
Präis: 80 € pro Persoun (Iessen abegraff, ouni Gedrénks. Fixe Menü no saisonale Produiten)
_________________________

🪡 Cousons une hâlette ! 🪡

Samedi 30 mai, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) pourront participer à un atelier créatif et historique, au cours duquel chacun pourra coudre une « hâlette ». Coiffe traditionnelle de la région mosellane, autrefois portée pour se protéger du soleil, la hâlette couvre la tête et les épaules et offrait aux femmes une protection lors des travaux en plein air.

Que vous soyez débutant·e en couture ou que vous ayez déjà de l’expérience, cet atelier est ouvert à tous ! Notre médiatrice vous accompagnera pas à pas, et chacun repartira avec sa propre création.

Une pause déjeuner, entre 12h30 et 14h, est prévue à la « Wäistuff », située juste à côté du musée.

Samedi 30 mai
De 10h00 à 12h30 et de 14h00 à 17h30
Tout public (à partir de 12 ans ; les enfants doivent être accompagnés d’un adulte et capables de réaliser leur propre création)
Inscription obligatoire au +352 23 69 73 53 ou par e-mail à [email protected]
Tarif : 80 € par personne (repas compris, sans boisson. Menu fixe selon les produits de saison)

Visit Moselle Gemeng Schengen

Sidd Dir op der Sich no flotte Retro-Objeten? 🔍Da kommt an eisen Exposhop an entdeckt eisen exklusive „A Possen“-Service...
08/05/2026

Sidd Dir op der Sich no flotte Retro-Objeten? 🔍

Da kommt an eisen Exposhop an entdeckt eisen exklusive „A Possen“-Service vu Villeroy & Boch, entworf vum lëtzebuergesche Kënschtler Lé Tanson. Eng eenzegaarteg Serie, déi just bei eis am Musée ze kréien ass.

Donieft waarden awer och nach vill aner flott Artikelen op Iech: originell Patchwork-Objeten, flott Schneidbrieder a Kichendicher, bedréckt mat traditionelle lëtzebuergesche Rezepter, a villes méi!

Also kommt bis laanscht – mir freeën eis op Iech! ✨
_________________________

Êtes-vous à la recherche de beaux objets rétro ? 🔍

Alors venez dans notre Exposhop et découvrez notre service exclusif « A Possen » de Villeroy & Boch, conçu par l’artiste luxembourgeois Lé Tanson. Une série unique, disponible exclusivement dans notre musée.

Vous trouverez également de nombreux autres articles : des objets patchwork originaux, de belles planches à découper et des torchons de cuisine imprimés de recettes traditionnelles luxembourgeoises, et bien plus encore !

Passez nous voir – nous nous réjouissons de votre visite ! ✨

Visit Moselle Gemeng Schengen

Hop hop an de Musée! 🏛️🎉D'Luxembourg Museum Days sti virun der Dier an de Musée « A Possen » mécht seng Dieren op fir e ...
05/05/2026

Hop hop an de Musée! 🏛️🎉

D'Luxembourg Museum Days sti virun der Dier an de Musée « A Possen » mécht seng Dieren op fir e ganze Weekend voller gratis Entdeckungen.

🎲 Samsdes, de 16. Mee, erwaart Iech e flotten intergenerationellen Atelier, an deem Dir Äert eegent Gesellschaftsspill designen a kreéiere kënnt. Donieft bitt de Musée och eng spannend guidéiert Visitt duerch déi verwénkelt Haiser vum Musée.

🕵️‍♀️ Sonndes, de 17. Mee, kënnt Dir an Ärem eegenen Tempo op Entdeckungsrees duerch de Musée goen.

📅 16. a 17. Mee 2026
🕙 10:00 – 18:00
🎟 Gratis Entrée

🔗 De ganze Programm fannt Dir hei: luxembourgmuseumdays.lu

_________________________

Hop hop an de Musée! 🏛️🎉

Les Luxembourg Museum Days approchent à grands pas et le musée « A Possen » ouvre ses portes pour tout un week-end de découvertes gratuites.

🎲 Le samedi 16 mai, un atelier intergénérationnel convivial vous attend, au cours duquel vous pourrez concevoir et créer votre propre jeu de société. Le musée propose également une visite guidée captivante à travers les maisons pleines de recoins du musée.

🕵️‍♀️ Le dimanche 17 mai, vous pourrez partir à votre rythme pour une véritable exploration du musée.

📅 16 et 17 mai 2026
🕙 10:00 – 18:00
🎟 Entrée gratuite

🔗 Programme complet : luxembourgmuseumdays.lu

Visit Moselle Gemeng Schengen ICOM Luxembourg

Adresse

2, Keeseschgaessel
Bech-Kleinmacher
5404

Heures d'ouverture

Mardi 10:00 - 18:00
Mercredi 10:00 - 18:00
Jeudi 10:00 - 18:00
Vendredi 10:00 - 18:00
Samedi 10:00 - 18:00
Dimanche 10:00 - 18:00

Téléphone

+35223697353

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Musée "A Possen" publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter Le Musée

Envoyer un message à Musée "A Possen":

Partager