29/11/2025
E grousse Merci un iech all – „Lëntgen virun 80 Joer“, eisen éischte Geschichtsowend, war e vollen Erfolleg: ronn 150 Leit haten de Wee op Mouschelt fonnt an eisen Erzielungen, Fotoen an Anekdoten iwwer d’Zäit vum 2. Weltkrich mat groussem Interessi nogelauschtert.
Besonnesch beréiert huet eis den intensiven Austausch am Publikum – an déi vill Fotoen, Dokumenter an Temoignagen, déi vill vun Iech matbruecht hunn. Dir hutt dësen Owend esou wäertvoll gemaach.
Dëst Material ass net nëmme Geschicht, mee e Stéck Identitéit, dat mir zesumme wëllen erhalen.
En häerzleche Merci och un d’Geschichtsfrënn vu Luerenzweiler a Miersch, d’Vereenegung vun den Tambower an den Enrôlés de Force, eisen Här Paschtouer, de Buergermeeschter an déi vertruede Gemengeréit. Un de Musée National de la Résistance an un d'Mierscher Lieshaus geet et Merci fir hir Infostänn.
An de kommende Wochen deele mir hei Highlights, Fotoen a spannend Hannergrondgeschichten zu deem, wat mir zesummen entdeckt hunn – fir jidderee matzehuelen, och déi, déi net dobäi konnte sinn.
D’Geschicht vu Lëntgen soll lieweg, accessibel an no bei de Leit bleiwen – a matenee loosse mir se weiderliewen …